Skip to content
HAAFT Coffee

Iwwer HAAFT

„Siwen ass e Symbol fir Vollkommenheet, Harmonie an d’Sich no Balance.“

„Think outside the Box“ un der Mauer bei HAAFT

Think outside the box.

E Café mam Numm
Siwen

„Haft“ kënnt aus dem Persesche a bedeit siwen – an der persescher Traditioun eng staark Glécks-Zuel. Mat dësem Numm wollt de Nima soen, fir wat de Café steet: eng Plaz vu Rou a Balance, wou ee fir e Moment dem Alldag entkënnt.

Modern, gemittlech an awaardend – eng Plaz, wou ee gären bleift, bei engem waarme Gedrénks, enger Klengegkeet oder engem gudde Gespréich. Traditioun a Moderne: persescht Frühstéck um Weekend, Specialty Coffee all Dag, owes Salsa op der Strooss a Konscht un de Maueren.

Bléck duerch d’Fënster an de Gaaschtraum vun HAAFT

Déi éischt Joren

  1. 07.11.2024HAAFT mécht an der Neistrooss 78 op.
  2. 17.11.2024Déi éischt Ausstellung hänkt un eise Maueren.
  3. Mee 2025Um Weekend méi laang op – mat Espresso Martini an Naturwäin.
  4. Okt. 2025D’persescht Frühstéck fänkt un.
  5. 07.11.2025Ee Joer HAAFT.

„Wat eemol just mäin Dram war, ass elo Realitéit.“ – Nima, Grënner vun HAAFT, zum éischte Gebuertsdag

Gaascht liest bei HAAFT un der Fënster